Huel de Maximum aus Denger Zäit! Personal Training ass individuell an héich effektiv. PT bei AFORM riicht sech komplett no Dir. Trainéier fir Resultater ze hunn!
Fir den Zäitraum vum Personal Training hues Du zousätzlechen Accès an alleguer eis Gruppe Coursen.
SMALL GROUP PERSONAL TRAINING
D´Qualitéit vum klasseschen 1zu1 Personal Training, zum präisleche Virdeel duerch en Training an enger klenger Grupp. SGPT geet bis maximal 4 Leit. D´Präisser an d´Iwwersiicht ass hei.
Fir den Zäitraum vum Small Group Training huet Jiddereen zousätzlechen Accès an alleguer eis Gruppe Coursen.
KOMM AFORM!
Du kanns direkt bei AFORM uruffen, 691 74 81 81 oder eng E-Mail op office@aform.lu schécken.
Nodeems Du Kontakt opgeholl hues, këmmere mir eis zesummen ëm e Rendez-vous. An engem 1. perséinleche Gespréich am AFORM kanns Du dann erausfannen op dʼZesummenaarbecht mat eis fir Dech interessant ass.
De Jeff Paulus huet zu Saarbrécken Sportwëssenschaft studéiert an ass Diplom-Sportlehrer. No sengem Studium huet hien am Mee 2011 AFORM gegrënnt.
Vun do un huet de Jeff selbstänneg als Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer geschafft.
Vu Mee 2011 bis Dezember 2012 huet hien sech zu Bettenduerf (Dikrech) lancéiert. De 5. Dezember 2012 war d´Ouverture vu sengem Personal Training Studio zu Schëffléng am Espace Paramédical du Sud.
Den nächste Schratt ass am Januar 2015 mat der Grënnung vun der AFORM SARL gemaach ginn. Den AFORM Fitness Coaching Center ass elo um Belval Nord, zu Bieles.
- Formateur fir Fitnesscoachen a "Moniteurs de Sport-loisir" bei der ENEPS (Ecole Nationale de l'Éducation Physique et des Sports) - Speaker a Formateur bei der FLF (Fédération Luxembourgoise de Football) - Speaker beim Kongress "Medical and training aspects in Handball" vun der "Luxembourg Academy of Medicine, Physical Therapy and Science into Sports" de 16.09.2017.
Erfolleger als Athletiktrainer:
2014/2015 C.S. Fola Esch (Champion de Luxembourg) 2015/2016 C.S. Fola Esch (Vice-Champion de Luxembourg) 2016/2017 FC Progrès Niederkorn (4ème - Qualification Europa League) 2016/2017 Handball Esch (Champion de Luxembourg & Coupe de Luxembourg) 2017/2018 FC Progrès Niederkorn (Vice-Champion de Luxembourg) 2018/2019 RSR Walferdange Volleyball (Supercup, Coupe & Champion de Luxembourg) 2018/2019 T71 Dudelange Basketball (Finalist Championnat) 2019/2020 RSR Walferdange Volleyball (Supercup)
Komplett iwwerzeegt vum Functional Training, huet hatt sech nodeems et zanter 2011 regelméisseg beim Jeff Paulus trainéiert huet,an eng nei Aventure lancéiert.
Am Juli 2014 huet hatt ugefangen mat senger Formatioun an Enn September krut hatt zu Köln säin 1.Diplom als Personal Functional Trainer.