FITNESS COACHING CENTER

Coaching Club
Video 1 Thumbnail
Video 1 Play Video 1 Play
AFORM
Video 1 Thumbnail
Video 1 Video 1 Play
Firwat AFORM ?
FIRWAT AFORM?
0

FIRWAT AFORM?

Mir si fir Dech do. All Training!

AFORM ass e Fitness Coaching Center an dofir hues Du all Training d´Ënnerstëtzung vun Dengem Coach. Ob 1zu1, an eise Gruppe Coursen oder am Kader vun engem komplette Programm. Mir sinn all Training fir Dech do.

Wichteg ass, dass Du Resultater hues!

Wann s Du onbedéngt eppes erreeche wëlls. Wann s Du Wäert op Qualitéit an ee gudde Coaching lees. Wann s Du effektiv, ofwiesslungsräich an interessant Traininger wëlls. Dann ass AFORM genau dat richtegt fir Dech.

Maach elo e Rendez-Vous fir Däin Berodungsgespréich!

An engem éischten, perséinleche
Berodungsgespréich versiche mir fir Dech déi beschte Strategie erauszefilteren an auszeschaffen.

FIRWAT AFORM ?

EIS PHILOSOPHIE: INDIVIDUELL & EFFEKTIV

Huel de Maximum aus Denger Zäit!

Dat wichtegst ass, Deng perséinlech Ziler ze respektéieren. Training kascht Zäit, Geld a bréngt déi eng oder aner Aschränkung mat sech. Genau dowéinst beméit sech AFORM Däin Training optimal ze begleeden an Dech effektiv beim Erreeche vun Denge perséinlechen Ziler ze ënnerstëtzen.

Sënnvoll, modern an effektiv Trainingsmethoden erhéijen d'Chancen op Däi perséinlechen Erfolleg.

EIS TRAININGSPHILOSOPHIE

EIS GUIDELINE

Besser, clever a sécher trainéieren.

Eng Richtlinn vun AFORM ass et, eng héich Trainingsqualitéit ze garantéieren. Den Training ass op deenen neiste sportwëssenschaftlechen Erkenntnisser opgebaut an entwéckelt sech permanent weider. En ideaalt Ëmfeld erméiglecht déi perfekt Betreiung an erhéicht d´Effizienz vum Training enorm.

DʼMotivatioun gëtt duerch Resultater gesteigert.

EIS GUIDELINE

ZESUMMEN AFORM
500

COACHING CLUB

Hei kriss Du alleguer d´Froen iwwert de Coaching Club beäntwert. 

FAQ COACHING CLUB

Onbedéngt eng Kéier kuerz duerch liesen!

SIN ECH AFORM?
0

PERSONAL TRAINING

Huel de Maximum aus Denger Zäit a konzentréier Dech op Däin Zil.

Personal Training ass individuell an héich effektiv. PT bei AFORM riicht sech komplett no Dir. Trainéier fir Resultater ze hunn!

KOMM AFORM!

WAT KASCHT PERSONAL TRAINING?

Hei fënns Du alleguer Detailer zu eisem Personal Training System.

PT SYSTEM

En Training dauert normalerweis eng Stonn. Keng frais d´inscription. Keng Mindest-Lafzäit. Keng weider Verflichtungen.

WÉI FÄNKEN ECH UN?

Du kanns direkt bei AFORM uruffen, 691 74 81 81 oder eng E-Mail op office@aform.lu schécken.

An engem 1. perséinleche Strategie-Gespréich kanns Du erausfannen op dʼZesummenaarbecht mat AFORM fir Dech interessant ass.

FAQ PERSONAL TRAINING

0
GEZIILT AFORM!

WEIGHT MANAGEMENT PROGRAM

Eise beschte Programm!

De WMP ass eise beschte Programm, wann et Däin Ziel ass Fett ze verbrennen, besser auszegesinn an Deng Fitness ze verbesseren.

Ernährungscoaching & Training!

WMP

HUEL DIR ELO DÉNG PLATZ AM WMP!

Maximal 6 Leit!

Kontaktéier eis a reservéier elo Deng Platz am WEIGHT MANAGEMENT PROGRAM! De WMP start a regelméissegen Ofstänn.

WMP

FC PROGRÈS NIEDERKORN

Vun der Saison 2016/17 ass de Progrès AFORM. Zesumme mam Staff ëm de Coach Paolo Amodio versiche mir d´Equipe besser ze maachen an eng erfollegräich Saison an der BGL Ligue ze spillen. "Progressiv no vir!"

Homepage FC Progrès Niederkorn

HANDBALL ESCH

Vun der Saison 2016/2017 un ass de Jeff Paulus vun AFORM Athletiktrainer beim Handball Esch. AFORM ënnerstëtzt den Holger Schneider a versicht zesumme mat der Equipe an der SLHL ganz uewen unzegräifen.

Homepage Handball Esch

AN ENGEM DAG AFORM
100

BLACKROLL WORKSHOP

Mir weisen Dir wéi s du Doheem oder virum Training bei AFORM d´Blackroll richteg an effektiv asetz. Am Workshop kriss Du effektiv a gezielt Programmer an Übunge mat op de Wee.

Pläng mat Foto´en vun den Übungen

Umelle kanns Du Dech per Mail op office@aform.lu oder am AFORM Fitness Coaching Center.

PROFESSIONELL AFORM

TRAININGSMATERIAL & EQUIPEMENT VUN AFORM

Äert Trainingsmaterial vun AFORM

Ob als Privat Persoun, Fräizäit- oder Leeschtungssportler, Veräin, Club oder Federatioun, bei eis krit Dir dat beschten an effektiivsten Equipement fir Ären Training.

Functional Training Equipment

TRX, Blackroll, Dynamax Medizinbäll,
Minibands a Kettlebells sinn nëmmen e puer Beispiller vun "Trainings-Tools" aus dem Beräich "Functional Training".

Bestellt Äert Equipement bei AFORM a profitéiert gläichzäiteg vun eiser praktescher Erfahrung.

 

KONTAKTÉIER EIS

STUDIO-BERODUNG

Egal ob Dir als Privat Persoun e Fitnessraum, als Fitnesscoach e PT-Studio oder als Gemeng e Fitness- a Kraaftraum fir eng Sportshal wëllt ariichten.

Mir hëllefen Iech Äre Projet ze realiséieren!

Mir begleeden Iech vum éischten Entworf bis bei de fäerdege Studio, an nach méi wäit. Profitéiert vun eiser praktescher Erfahrung a loosst Iech professionell berooden.

Kontaktéiert eis elo a maacht Äre Rendez-Vous mat eisen Experten!

 

Berode loossen

MAT EIS AFORM

JEFF PAULUS

DIPLOM-SPORTLEHRER
MANAGER AFORM SARL

Fitnesscoach
Personal Trainer
Athletiktrainer

De Jeff Paulus huet zu Saarbrécken Sportwëssenschaft studéiert an ass Diplom-Sportlehrer. No sengem Studium huet hien am Mee 2011 AFORM gegrënnt.

Vun do un huet de Jeff selbstänneg als Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer geschafft.

Vu Mee 2011 bis Dezember 2012 huet hien sech zu Bettenduerf (Dikrech) lancéiert. De 5. Dezember 2012 war
d´Ouverture vu sengem Personal Training Studio zu Schëffléng am Espace Paramédical du Sud.

Den nächste Schratt ass am Januar 2015 mat der Grënnung vun der AFORM SARL gemaach ginn. Den AFORM Fitness Coaching Center ass elo um Belval Nord, zu Bieles.

Kontakt:   691 74 81 81   jeffpaulus@aform.lu

FLORIAN HECK

MASTER IN DIAGNOSTIK UND TRAINING

Fitnesscoach
Personal Trainer
Athletiktrainer

Ich heiße Florian Heck und habe meinen Bachelor Sportwissenschaft in Saarbrücken abgeschlossen. Den Master in „Diagnostik und Training“ habe ich dann an der TU München abgeschlossen. Während meinem Studium habe ich im Bereich Medizinischer Trainingstherapie, Personal Training und als Lauf-. Fitness- und Fußballtrainer gearbeitet.

Functional Training und insbesondere das Konzept von Mark Verstegen überzeugt mich und ich baue täglich Übungen in mein eigenes Training als Triathlet mit ein.Mein Wissen und meine Erfahrung gebe ich gerne an andere Leute weiter.

Kontakt:   +49 170 4893761   florianheck@aform.lu

NADINE WENZEL

MASTER OF SCIENCE SPORTMANAGEMENT & MEDIEN

Fitnesscoach
Personal Trainer

Kontakt:   +49 151 28796466   nadine.wenzel@hotmail.com

MAT EIS AFORM

LAURA VANOLI

Fitnesscoach

Kontakt:   691 694 840   laura_vanoli@tango.lu

VERO VEGAS

Fitnesscoach
Personal Trainer

Mäin Numm as Vero an ech si mat ganzem Häerz Personal- a Grouptrainer. Nieft der Beweegung ass Ernärung en Thema fir dat ech brennen.

Mat 20 hun ech e Poledance a spéider Functional Training Studio zu Innsbruck opgemaach. Niewebäi hun ech mech vun internationale Coache weiderbilde gelooss a sinn esou selwer no an no mei an d`Welt vum Gesondheetssport erakomm. Als Mastertrainer fir TRX, TRX Yoga a Let´s Bands sinn ech Weekends an Däitschland an Éisträich ënnerwee. Och bei de Women’s Health Camp a Spuenien sinn ech vun Ufank un als Functional Training Coach dobäi.

Ab September 2017 fannt dir mech dann och reegelméisseg am AFORM. Ech freeë mech fir och aus dir eng besser Versioun vun dir selwer ze maachen!

Kontakt:   691 244 585   vero@verovegas.com

WOU AFORM?

AFORM SARL

ADRESSE

250, WAASSERTRAP
L-4408 BELVAUX

KONTAKT

691 74 81 81
office@aform.lu

 

AFORM KONTAKTIEREN

 

Numéro d´identification TVA
LU27574321

Numéro de l´autorisation d´activités et services commerciaux
N°10057912/0

ZESUMMEN AFORM
DENG ZAIT:
 
OP FACEBOOK SHAREN
DU BASS ELO AFORM
SCROLL PERFORMANCE
 
SCROLL DECH AFORM
00:00
WEIDER TRAINÉIEREN
0%